| About us!

Who are we?
1B / Lycée de garçons de Luxembourg
Biell Lis
Conrad Michel Mëchel"
Constant Anne
Graf Nadine
Krier Patrick
Marmann Anne
Polfer Pit
Schmit Philippe
Thill Marc
Supervisor: Daman Pascal
Technical Assistant: Fonck Pierre
Eis Meenung:
Den Universum as vill ze grouss, fir datt d'Ärd deen
eenzegen Planéit as, wou Liewen meiglech as. En plus, hu
mir bis elo jo och just een minimalen Deel vum Universum erforscht,
mir kennnen mol net eis eegen Galaxie richteg bis an den leschten
Detail."
Den Fermi-Paradox schleisst zwar d'Meigleschkeet vun intelligentem
Liewen praktesch aus, mee just an eiser eegener Galaxie, an et gin
jo awer nach souvill anerer."
Se si bestemmt net gréng" - Ech well awer,
datt se gréng sin, dann kanns de se an den Tiefküler
leen, dann hues de emmer een gréngen Alien!" (Bonsaï)
Se sin bestemmt och net beis wei an den Filmer" - Mei
schlemm wei d'Menschen kennen se kaum sin."
Ech mengen datt et ganz vill Planéiten gin, wou et
Bakterien get!"
Et ka jo och sin, datt di Ausserierdesch an enger anerer Dimensioun
liewen, an datt mir se iwwerhapt net gesi kennen. Vlait sin se ultra-violett
oder infra-roud
"
Vlait iwwerwachen se eis och schons laang, an mir mierken
naischt dovunner, wei an verschioddenen Filmer, wei zum, Beispill
Matrix", Dark City". Oder se wunnen schons
laang ennert eis, wei am MIB"."
Iergendswei hun ech den Androck, Ausserierdescher missten
plakesch rondremlaafen, ech kann mer se net an Kleeder fiirstellen.
Entweder sin se ze mann entweckelt, oder se sin sou evoluéiert,
datt hier Haut sech den klimateschen Emstänn ugepasst hun."-Ech
stellen mir et am plausibelsten fiir, datt si aus Plasma sin. Dat
as dei Form, dei am mannsten Probleemer mat sech brengt, dei am
prakteschten, am upassungsfäegsten as, fir sech weiderzebeweegen!"
Vlait sin et och ganz spirituell Aliens, vlait sin et nemmen
Geeschter, Séilen, oder si funktionnéieren nemmen
duerch een spirituellen Prinzip, duerch deen se all mateneen verbonnen
sin! Vlait hu si intellektuell Fähegkeeten, dei et hinenn erlaben
duech Télépathie mateneen ze kommunizéieren."
Vlait gin et och denkend Planéiten."-D'Ärd
denkt och vlait!"
An dann, fiirwat sichen mer iwwerhapt no ausserierdeschem
Liewen? Et gin dach vill mei wichteg Saachen dei d'Menschen nach
mussen bewältegen! Eis Welt as sou een Chaos, dass een Alien
deen giff a sengem UFO laanscht fleien, nemmen den Kapp giff reselen,
an sou seier wei meiglech giff emdréien. Fiirwat léisen
mer net fir' d'Eischt Probleemer ewéi Honger, Armut, Verschmotzung
a Krich, fir datt mer duerno ouni eis fir eis selwer ze schummen
Kontakt mat Ausserierdeschen ophuelen kennen. Natierlech as den
Mensch vun Natur aus fiirwertzeg, an et as och nait Schlechtes dobei,
sech fir den Universum ze interesseieren, sou laang wei mir eis
eegenen Probleemer net vergiessen. Ech hoffen och, datt mir net
dei eenzeg intelligent Spezies am Universum sin, well ech géiff
et beängschtegend fannen, wann mir alléng an deem groussen,
schwarzen Naischt" wieren."
|